JESSICA DOMINGUES MOURO
Konferenzdolmetscherin, Member vun der AIIC
Lëtzebuerg
jessica-domingues-mouro

Iwwersetzung

« D’Iwwersetzer […] baue Brécken tëschent de Vëlker. »
(Victor Hugo)

Allgemeng a spezialiséiert Iwwersetzungen

Fir mech sinn d’Iwwersetzen an d’Dolmetschen enk matenee verbonnen a si beräichere sech géigesäiteg. Dem Dolmetscher seng Aufgab ass et, dem Riedner säi Message spontan mëndlech an eng aner Sprooch ze iwwerdroen, den Iwwersetzer dogéint huet méi Ofstand zum Text an domadder och méi Zäit fir no deenen Ausdréck a Formuléierungen ze sichen, dei dem Ausgangstext am nootste kommen.

Ech iwwersetzen Texter a folgende Beräicher, an deenen ech och regelméisseg dolmetschen.

Kompetenzberäicher

• International Bezéiungen
• Europäesch Themen
• Droit
• Wirtschaft
• Finanzen, Mikrofinanz
• Commerce & Marketing
• Energie & Transport
• Ëmwelt, Ecologie & nohalteg Entwécklung
• Landwirtschaft & Natierlech Ressourcen
• Gesondheet & Ernährung
• Liewensmëttelsécherheet
• Entwécklungshëllef
• Tourismus, Gastronomie & Önologie
• Human- a Sozialwëssenschaften
• Erzéiung an Ausbildung
• Konscht & Literatur

Assermentéiert Iwwersetzungen

Als unerkannten Iwwersetzerin vum Ministère de la Justice a vereedegt Iwwersetzerin beim Ieweschte Geriichtshaff vu Lëtzebuerg maachen ech och assermentéiert Iwwersetzunge vu juristeschen, administrativen an aneren offiziellen Dokumenter (Akte vum Etat civil, Jugementer, Diplomer asw.).

Fir e gratis Devis unzefroe kënnt Dir mech gäre kontaktéieren.

« Kommunizéieren, interpretéieren an eppes an eng aner Sprooch iwwersetzen erfuedert en oppene Geescht: e besonneschen Interêt fir eist Ëmfeld, d’Fähegkeet, sech mam Riedner kënnen ze identifizéieren, a virun allem d’Freed dorun, de Leit, déi engem nolauschteren, en Déngscht ze erweisen. »
Logo AIIC