JESSICA DOMINGUES MOURO
Konferenzdolmetscherin, Member vun der AIIC
Lëtzebuerg
jessica-domingues-mouro

Konferenzdolmetschen

Plangt Dir e grousst Evenement mat engem renoméierte Conferencier, engem unerkannten Expert oder engem internationale Kënschtler? Denkt dobäi och un är Nolauschterer an engagéiert e professionellen Dolmetscher.
Géift Dir gär e Ronndëschgespréich organiséiere mat deene beschte Spezialisten an engem bestëmmte Beräich? Ouni dass d’Sprooch fir si e Problem duerstellt? Da wennt Iech un e professionellen Dolmetscher, fir dass är Inviteeën sech ongezwongen ausdrécken a géigesäiteg nolauschtere kënnen.

Als Konferenzdolmetscherin schaffen ech fir grouss international Organisatiounen, virun allem fir d’Europaparlament, d’Europäesch Kommissoun, den Europäesche Rechnungshaff, den Europäesche Geriichtshaff an den Europarot. Um private Marché dolmetschen ech fir Ministèren, ëffentlech Ariichtungen, Firmaen, Gewerkschaften, ONGen, Kulturzenteren, Associatiounen a Privatleit.

Fir eng garantéiert gutt Kommunikatioun, wennt Iech un e professionellen Dolmetscher bei wichtegen Evenementer :

• International Konferenzen
• Politesch Kongresser
• Wëssenschaftlech Colloquen
• Pressekonferenzen
• Seminairen, Workshopen, Ronndëschgespréicher
• Portes ouverten
• Informatiounsversammlungen
• Versammlunge vun Experten
• Plaidoyere vun Affekoten
• Gewerkschaftsdemonstratiounen
• Kulturell Aktivitéiten
• Vernissage vun Ausstellungen

Vu dass all Evenement eenzegaarteg ass, wat säin Thema, seng Zielsetzung a säi Public ugeet, zéckt net, fir Iech mat mir a Verbindung ze setzen. Zesumme fanne mir déi bescht Léisung fir Äre Projet.

Referenzen

Aus Vertrauensgrënn a wéinst dem Beruffsgeheimnis ginn ech hei keng Nimm vu menge Clienten un. Op Nofro kann ech Iech awer Referenzpersounen aus engem bestëmmten Domaine uginn nodeems si mir hiren Accord ginn hunn.

« Kommunizéieren, interpretéieren an eppes an eng aner Sprooch iwwersetzen erfuedert en oppene Geescht: e besonneschen Interêt fir eist Ëmfeld, d’Fähegkeet, sech mam Riedner kënnen ze identifizéieren, a virun allem d’Freed dorun, de Leit, déi engem nolauschteren, en Déngscht ze erweisen. »
Logo AIIC